See PRO edition

 

COVID-19 // Ofso Open air Konstfestival 2021

Léif Frënn vun der Konst, vum Kiischpelt a vum Open air Konstfestival,

Mir hoffen et geet Eech alleguerte gutt - et gëtt an der aktueller Situatioun näischt méi Wichtiges ewéi d’Gesondheet. Leider musse mir den 30. Anniversaire vum Open air Konstfestival nach ee Joer no hanner verréckelen. Vu déi aktuell Situatioun, ass et eis net méiglech ee Festival an de Lellger Stroossen ze organiséieren.

Mir soen Eech Merci fir Äert Versteesdemech, an an der Hoffnung Eech nächst Joer um 30. Open air Konstfestival zu Lellgen begréissen ze däerfen.
Bei Froe sti mir Eech jidderzäit gären zur Dispositioun. Weider Informatiounen zum Virus an der aktueller Situatioun fannt Dir op der Websäit vun der Regierung - www.coronavirus.gouvernement.lu

Wéi kommen ech op Lellgen?                                                                             map konstfestival

Vu Lëtzebuerg aus:
E 420: Miersch – Ettelbréck – Housen     
CR 324: Boukels – Pënsch – Lellgen

Vu Wolz aus:
CR 324: Wolz – Wegdichen – Erpeldang – Wëlwerwolz – Lellgen

Vu Klierf aus:
CR 326: Klierf – Drauffelt – Äischer – Wëlwerwolz – Lellgen


Mam Zuch:
All Stonn gëtt et eng Verbindung Lëtzebuerg – Wëlwerwolz a Wëlwerwolz – Ëlwen
Gratis Shuttlebus vu Wëlwerwolz op Lellgen.

Den 23. Juni ass d’Uertschaft Lellgen vun 11:00 bis 19:00 Auer
fir all Verkéier gespaart.

Zuchhorairen ënnert www.mobilite.lu
Intressantes vun an iwwer Lellgen fannt dir um Site vum Syndicat d'Initiative Kiischpelt.

 Open air

Konstfestival 2021

cancelled !

 
      Gemeng Kiischpelt 

Lellgen ? 

 Wéi kommen ech op Lellgen?

Gidd méi gewuer iwwer dat klengt, iwwer d'Grenze vun eisem Land eraus bekannten Ardennerduerf.