Participatioun

Maach mat um Konstfestival!

Den Open air Konstfestival bitt Grouss a Kleng d'Méiglechkeet sech aktiv um Festival ze bedeelegen.

Live-Concours

LIVE-CONCOURS

De Kënstler gëtt d’Méiglichkeet gebueden, hir Kreativitéit zur Geltung ze bréngen, hiert Kënnen op der Plaz ze demonstréieren, hier Wierker ze presentéieren an ze verkafen, souwéi Gläichgesënnten ze begéinen a mat engem konstinteresséierte Publikum a Kontakt ze trieden.
Matmaachen
Alt Text

KONSTMAART

Deene Kënstler an Artisten déi net um Live-Concours deelhuele gëtt hei d’Méiglichkeet gebueden hier Wierker ze presentéieren an ze verkafen. Et handelt sech ëm een ausschliesslich de Konstschafende reservéierte Maart an net ëm ee Floumaart.
Matmaachen
Live-Concours

KIDS ACADEMY

Ateliere wou déi Klengst spontan kënne matmaachen. Et gëtt keng Viraussetzungen an déi jonk Konstbegeeschtert wäerten och méi wéi nëmmen eemoleg Andréck mat heem huelen.
Matmaachen
Alt Text

CONCOURS AFFICHE

Zil vun dësem Concours ass d’Realisatioun vun engem Visuell fir d’Promotioun vum open air Konstfestival. Dëst Wierk ass op allen Supporten, wéi Affichen, Flyeren, Programmer an am Web ze gesinn.
Matmaachen
Live-Concours

ART ACADEMY

Workshops fir Kanner a Jugendlicher, encadréiert vu professionelle Kënstler. 2023 wäert leider keng Art Academy stattfannen.
Keng Art Academy 2023

Open air Konstfestival asbl
5, op der Gare
L-9776 Wëlwerwolz
info@konstfestival.lu

IWWER EIS
MATMAACHEN
FOLLOW US

© Open Air Konstfestival asbl | designed by Memory