Concours Affiche

Äert Wierk um Plakat vum Konstfestival.

Zil vun dësem Concours ass d’Realisatioun vun engem Visuell fir d’Promotioun vum open air KONSTfestival 2024. D’Kommunikatioun vum Event leeft haaptsächlech iwwer Affichen, Flyeren a Programmer, souwéi via d'sozial Medien an eise Website.

De Gewënner vun dësem Concours kritt ausserdeem d’Méiglichkeet seng Wierker an enger Expo am Kader vum nächste Festival auszestellen.

De Concours ass op fir Jiddereen. Är Propositioun muss Dir virum 15. Dezember 2023 per Mail info@konstfestival.lu era schécken. All Participant ka maximal 3 Wierker presentéieren.

E puer kleng Uweisungen :

  • Déi proposéiert Biller oder Grafike musse perséinlech Kreatioune sënn, ouni Notzung vu scho bestoende Wierker. Zudeem mussen d’Wierker fräi vu Nëtzungsrechter sënn.
  • D’Membere vum Organisatiounscomité vun der Association Open Air Konstfestival asbl wielen de Gewënner an der éischter Reunioun no der Clôture vum Concours.
  • Déi presentéiert Wierker sollen optimalerweis am Format Portrait ugeluecht sënn.
  • D’Participatioun vum Concours ass gratis.
Mir freeën eis op är Proposen. Bonne Chance u jiddereen.
Affiche vun de leschten Editiounen

Open air Konstfestival asbl
5, op der Gare
L-9776 Wëlwerwolz
info@konstfestival.lu

IWWER EIS
MATMAACHEN
FOLLOW US

© Open Air Konstfestival asbl | designed by Memory