Säit senger Grënnung am Joer 1991, huet den Organisatiounscomité all Joer op Nationalfeierdag, dem 23. Juni, déi grouss Freed op den „Open Air Konstfestival“ anzelueden. Fir een Dag am Joer verwandelt dat klengt Dierfche Lellgen sech erëm an eng lieweg a faarwefrou Galerie ënner fräiem Himmel. Anzwëschen iwwer Grenze vun eisem Land eraus bekannt, zitt de Festival all Joer 5.000 Visiteuren un. Ee prall gefëllte Programm, mat 100 Kënstler déi live op der Plaz hier Wierker entstoe loossen, Stroossekënstler, Workshopen a Kanneratelieren, mécht de Konstfestival och dëst Joer zu engem Erliefnis fir Jonk an Al. |
|
Vernissage
Freidig, 15. Juni
Expos
Sonndig, 17. Juni
Open Air Konstfestival
Samsdig, 23. Juni
Expos
Sonndig, 24. Juni
Oofschlossfeier
Sonndig, 1. Juli
Wéi kommen ech op Lellgen?
Gidd méi gewuer iwwer dat klengt, iwwer d'Grenze vun eisem Land eraus bekannten Ardennerduerf.