See PRO edition

Wat ?

D´Fotografie ass d'Resultat vu villen technesche Fortschrëtter, déi vun der Donkelkummer (oder camera obscura am Latäin) inspiréiert sinn. D´Donkelkummer gouf als Maschinne fir ze zeechnen vum Leonardo Da Vinci erfonnt an dëse Prozess ass vu villen Moler benotzt ginn, déi e Bild reproduzéiert hunn. Zu där Zäit ass den Prinzip vun der Fotografie entstanen an et bloufen nach d'chemesch Reaktiounen ze entdecken, déi et méiglech gemaach hunn e Bild ze fixéieren.

Duerch d´Geschicht vun der Fotografie gëtt dësen Atelier spilleresch an kreativ. D´Kanner ginn op eng kulturell an interaktiv Aart a Weis op Entdeckungsrees. Begleet gi si beim Bauen vun enger Camera obscura, also engem selwergebastelten Fotoapparat, mat der se schwaarz-wäiss Fotoen maachen déi op der Platz am Roulot´ographe entwéckelt ginn. Heibäi handelt et sech em en modulären Caravane deen als Fotoslabo déngt.

Firwat ass eng Kamera bannen schwaarz? Firwat geet eng Këscht mat engem klengen Lach duer fir Fotoen ze maachen? Hei kriss du d´Äntwerten op dës Froen.

Wou a wéini ?

Den 23. Juni 2018 vun 11.00 bis 17.30 Auer um Open Air Konstfestival zu Lellgen.

Wat gëtt alles gebueden ?

Ee Konstatelier zum Thema Fotografie fir Kanner vun 11 bis 15 Joer, ënnert der Leedung vum Neckel Scholtus, Artiste-Fotografin. Den Atelier gëtt op Lëtzebuergesch gehale.

An dësem kënstleresche Kader gëtt d’Méiglechkeet gebueden, den Beräich vun der Fotografie kennen ze léieren: selwer eng Kamera bauen, Fotoen maachen, se entwéckelen an se presentéieren.

Déi am Verlaf vum Atelier entstane Wierker ginn an de Concours « Art Academy » opgeholl, an d’Visiteure vum Konstfestival den 23. Juni bestëmmen dann déi schéinst Wierker dorënner. Déi éischt, zweet an drëtt Plaz bei dëser Ofstëmmung gi mat engem Präis ausgezeechent.

D’Präisiwwerreechung fënnt de Sonndeg, 1. Juli 2018, um 16.00 Auer zu Lellgen an der Hencksescheier statt. Zu dëser Geleeënheet kënnen dann och alleguer d’Participante vum Konstatelier déi entstane Wierker ofhuelen.

Präis ?

80 € fir d’Animatioun an d’Betreiung vun 11.00 bis 17.30 Auer, do si Material esou wéi ee Mëttegiessen a Gedrénks abegraff. D’Bezuelung ass fälleg esoubal ewéi d’Umeldung ofgeschloss ass.

Wéi geet d’Umeldung ?

D’Aschreiwung ass hei um Site bis spéitstens den 3. Juni 2018 méiglech. Weider méi detailléiert Informatioune loosse mir Iech no der Aschreiwung zoukommen. Aus organisatoresche Grënn géife mir Iech bieden Är Kanner respektiv Iech nëmmen dann unzemellen, wa si respektiv Dir um kompletten Konstatelier vun 11.00 bis 17.30 kënnen deelhuelen.

Agenda 2018

Vernissage
Freidig, 15. Juni

Expos
Sonndig, 17. Juni

Open Air Konstfestival
Samsdig, 23. Juni

Expos
Sonndig, 24. Juni

Oofschlossfeier
Sonndig, 1. Juli

Lellgen ? 

 Wéi kommen ech op Lellgen?

Gidd méi gewuer iwwer dat klengt, iwwer d'Grenze vun eisem Land eraus bekannten Ardennerduerf.

 
      Gemeng Kiischpelt