See PRO edition

Wat ?

Graffiti (och nach Tag genannt) ass ee Sammelbegrëff fir Zeechnungen esou ewéi Beschrëftungen an allméigleche Formen an op de verschiddensten Uewerflächen. Op eng gewëss Manéier existéiert dës Konstrichtung scho säit längst vergaangenen Deeg a seng Wierker enthalen oft entweder politesch oder sozial Aussoen a Kritiken, oder si brénge ganz einfach perséinlech Meenungen zum Ausdrock. Ze fannen ass Graffiti op Maueren, Zich, Brécken, Toillen, Miwwelstécker etc. D’Konstrichtung entwéckelt sech schëtzeg weider an der kënstleresche Vilfalt si praktësch keng Grenze gesat.

Während Graffiti fir déi eng definitiv an enger Galerie ausgestallt gehéiert, begéinen aner Leit dëser Konstrichtung éischter nach mat Skepsis. Villäicht ass et genau dëse polariséierenden Aspekt, deen esou ze faszinéiere weess. Ëmmerhin stëft Graffiti op dës Manéier weider douzou un, iwwer Dualitéit an Dualismus an der Konstwelt nozedenken, zwou grondleeënd Thematiken bei deenen et duerchaus ganz verschidden Usiichte gëtt. Am Endeffekt gëtt Graffiti als eng Form vu Konst mat praktesch onbegrenzter Fräiheet geschätzt, sief et seng Form oder de kënstlereschen Ausdrock.

Am Kader vu dësem Konstatelier kann ee sech op dës eenzegaarteg Aart a Weis ausdrécken, a virun allem, sech austoben.

Wou a wéini ?

Den 23. Juni 2017 vun 10.00 bis 16.30 Auer um Open Air Konstfestival zu Lellgen.

Wat gëtt alles gebueden ?

Ee Konstatelier zum Thema Graffiti op Toile fir Persounen vu 14 bis 25 Joer, ënnert der Leedung vum Kai « Semor » Niederhausen, senges Zeechens Graffiti-Kënstler.
Den Atelier gëtt op Däitsch gehale.

De Kënstler setzt d’Participanten esouwuel iwwer d’Geschicht vum Graffiti ewéi och iwwer sämtlech legislativ Aspekter verbonne mat dëser Konstrichtung an d’Bild. An dësem kënstleresche Kader gëtt dann d’Méiglechkeet gebueden, vun der Skizz bis hin zum fäerdege Graffiti, den Ëmgang mat der Spraydous ze léieren, an esou säi ganz perséinlecht Wierk unzefäerdegen.

Déi am Verlaf vum Atelier entstane Wierker ginn an de Concours « Art Academy » opgeholl, an d’Visiteure vum Konstfestival den 23. Juni bestëmmen dann déi schéinst Wierker dorënner. Déi éischt, zweet an drëtt Plaz bei dëser Ofstëmmung gi mat engem Präis ausgezeechent.

D’Präisiwwerreechung fënnt de Sonndeg, 25. Juni 2017, um 16.00 Auer zu Lellgen an der Hencksescheier statt. Zu dëser Geleeënheet kënnen dann och alleguer d’Participante vum Konstatelier déi entstane Wierker ofhuelen.

Präis ?

80 € fir d’Animatioun an d’Betreiung vun 10.00 bis 16.30 Auer, do si Material esou wéi ee Mëttegiessen a Gedrénks abegraff. D’Bezuelung ass fälleg esoubal ewéi d’Umeldung ofgeschloss ass.

Wéi geet d’Umeldung ?

D’Aschreiwung ass hei um Site bis spéitstens den 13. Juni 2017 méiglech. Weider méi detailléiert Informatioune loosse mir Iech no der Aschreiwung zoukommen. Aus organisatoresche Grënn géife mir Iech bieden Är Kanner nëmmen dann unzemellen, wa si um kompletten Konstatelier vun 10.00 bis 16.30 kënnen deelhuelen.

Agenda 2017

Vernissage
Freidig, 16. Juni

Expos
Sonndig, 18. Juni

Open Air Konstfestival
Freidig, 23. Juni

Oofschlossfeier
Sonndig, 25. Juni

Lellgen ? 

 Wéi kommen ech op Lellgen?

Gidd méi gewuer iwwer dat klengt, iwwer d'Grenze vun eisem Land eraus bekannten Ardennerduerf.

 
      Gemeng Kiischpelt