See PRO edition

Wat ?

D’Zauberei, als eng Form vun duerstellender Konst, ka besonnesch héich Ufuerderunge stellen. Verschidden Effekter beherrschen d’Zauberer nämlech, wann iwwerhaapt, eréischt no jorelaangem Prouwen. Esou ass d’Übung also net manner ewéi absolut noutwenneg an der Zauberkonst.

Dobäi berout d’Gelénge vun engem Zaubertrick op dräi Facteuren : de mageschen Effekt esou ewéi et wierkt, den dozou néidegen techneschen Dréi a selbstverständlech déi passend Geschicht déi dem Trick och d’Magie anhaucht. Fir eng gelongen Opféierung muss den Zauberer sech mat der néideger Equipe ëmginn an dann déi richteg Mëttel an Zeen setzen.

Während dëser fantastescher Entdeckungsrees duerch déi opreegend Welt vun der Zauberei bitt sech dem jonke Public d’Geleeënheet de Virtuos a sech selwer z’entdecken. Dobäi léieren d’Kanner och selwer d’Roll vum Magier z’iwwerhuelen a kommen esou op de Geschmaach zauberhaft Iwwerraschungen ze schafen, wann och net all Effekt eenzock gelénge wäert.

Am weidere Sënn ass et d’Zil vum Konstatelier eng spaasseg Atmosphär ze bidden an der de Virwëtz an d’Virstellungskraaft vun de Kanner soll ugereegt ginn. Doriwwer eraus soll hinnen och eng gewëss Sécherheet fir den Optrëtt virun engem Publikum vermëttelt ginn.

Wou a wéini ?

Den 23. Juni 2017 vun 10.00 bis 16.30 Auer um Open Air Konstfestival zu Lellgen.

Wat gëtt alles gebueden ?

Ee Konstatelier zum Thema Zauberei fir Persounen, vu 10 bis 15 Joer, ënnert der Leedung vum Pascal Clement, senges Zeechens Magier a Virtuos.

Den Atelier gëtt haaptsächlech op Lëtzebuergesch gehale. An dësem Konstatelier bitt sech all Kand d’Geleeënheet, mat professioneller Ënnerstëtzung, een Zaubertrick mat soss ganz normale Géigestänn z’entwéckelen. Ugefonge beim Ausdenke vun enger passender Geschicht, léieren d’Kanner den néidegen techneschen Dréi fir hire ganz perséinlechen Zaubertrick och virféieren ze kënnen.

Déi am Verlaf vum Konstatelier geléiert an astudéiert Zaubertricke ginn de Visiteure vum Konstfestival den 23. Juni ab 16.15 Auer am Kader vum Spektakel « Zauberhaft Iwwerraschungen » virgefouert. Als een Deel vum Concours « Art Academy » ginn dann déi schéinst Presentatioune bestëmmt. Déi éischt, zweet an drëtt Plaz bei dëser Ofstëmmung gi mat engem Präis ausgezeechent.

D’Präisiwwerreechung fënnt de Sonndeg, 25. Juni 2017, um 16.00 Auer zu Lellgen an der Hencksescheier statt.

Präis ?

80 € fir d’Animatioun an d’Betreiung vun 10.00 bis 16.30 Auer, do si Material esou wéi ee Mëttegiessen a Gedrénks abegraff. D’Bezuelung ass fälleg esoubal ewéi d’Umeldung ofgeschloss ass.

Wéi geet d’Umeldung ?

D’Aschreiwung ass hei um Site bis spéitstens den 13. Juni 2017 méiglech. Weider méi detailléiert Informatioune loosse mir Iech no der Aschreiwung zoukommen. Aus organisatoresche Grënn géife mir Iech bieden är Kanner nëmmen dann unzemellen, wa si um kompletten Konstatelier vun 10.00 bis 16.30 kënnen deelhuelen.

Agenda 2017

Vernissage
Freidig, 16. Juni

Expos
Sonndig, 18. Juni

Open Air Konstfestival
Freidig, 23. Juni

Oofschlossfeier
Sonndig, 25. Juni

Lellgen ? 

 Wéi kommen ech op Lellgen?

Gidd méi gewuer iwwer dat klengt, iwwer d'Grenze vun eisem Land eraus bekannten Ardennerduerf.

 
      Gemeng Kiischpelt