See PRO edition

Wat ?

Et läit wuel an der Natur vum Mënsch sech schonn als Kand fir Zeechnungen a Molerei z’intresséieren. Op eng Manéier ass et eng Aart a Weis sech fräi an ouni Grenzen ausdrécken ze kënnen.

Dobäi ënnerscheede sech d’Motiver an déi esou entstane Biller jee nom Alter vun de Kanner : versichen déi eng zum Ausdrock ze brénge wat si wëssen, probéieren déi aner erëmzegi wat si gesinn. Hir Duerstellung vu Formen esou wéi Distanzen ass verschidden. an entwéckelt sech iwwerdeems stänneg. Mat senger bekannter Ausso « Ech konnt scho fréi mole wéi de Raphael, allerdéngs hunn ech ee ganzt Liewe laang gebraucht fir nees ze léiere wéi ee Kand ze molen » bréngt de Pablo Picasso et gutt op de Punkt, a wéi wäit d’Molerei vu Kanner immens wäertvoll ass.

An dësem Konstatelier ginn d’Kanner net nëmmen dozou inspiréiert z’experimentéieren, den Zauber an d’Vilfalt vu Faarwe fir sech z’entdecken, si léieren och den Ëmgang mat Techniken an enger ganzer Rëtsch Materialien, déi fir si villäicht nach onbekannt sinn. Iwwert allem steet d’Zil der Kreativitéit fräie Laf ze loossen an esou de kënstleresche Geescht unzereegen.

Wou a wéini ?

Den 23. Juni 2017 vun 10.30 bis 17.00 Auer um Open Air Konstfestival zu Lellgen.

Wat gëtt alles gebueden ?

Ee Konstatelier zum Thema Molerei op Toile fir Kanner, vu 6 bis 10 Joer, ënnert der Leedung vum Isabelle Pirson, senges Zeechens Molerin.

Den Atelier gëtt haaptsächlech op Lëtzebuergesch gehale. An dësem kënschtleresche Kader duerchlafen d’Kanner de komplette Kreatiounsprozess vun A bis Z. Dobäi kommen ufanks villäicht onscheinbar Materialien an Techniken zum Asaz, fir hirem Wierk eng gewëss Textur ze verleeden : Akryl, Collage, Sand etc.

Déi am Verlaf vum Atelier entstane Biller ginn an de Concours « Art Academy » opgeholl an d’Visiteure vum Konstfestival den 23. Juni bestëmmen dann déi schéinst Wierker dorënner. Déi éischt, zweet an drëtt Plaz bei dëser Ofstëmmung gi mat engem Präis ausgezeechent.

D’Präisiwwerreechung fënnt de Sonndeg, 25. Juni 2017, um 16.00 Auer zu Lellgen an der Hencksescheier statt. Zu dëser Geleeënheet kënnen dann och alleguer d’Participante vum Konstatelier déi entstane Wierker ofhuelen.

Präis ?

80 € fir d’Animatioun an d’Betreiung vun 10.30 bis 17.00 Auer, do si Material esou wéi ee Mëttegiessen a Gedrénks abegraff. D’Bezuelung ass fälleg esoubal ewéi d’Umeldung ofgeschloss ass.

Wéi geet d’Umeldung ?

D’Aschreiwung ass hei um Site bis spéitstens den 13. Juni 2017 méiglech. Weider méi detailléiert Informatioune loosse mir Iech no der Aschreiwung zoukommen. Aus organisatoresche Grënn géife mir Iech bieden är Kanner nëmmen dann unzemellen, wa si um kompletten Konstatelier vun 10.30 bis 17.00 kënnen deelhuelen.

Agenda 2017

Vernissage
Freidig, 16. Juni

Expos
Sonndig, 18. Juni

Open Air Konstfestival
Freidig, 23. Juni

Oofschlossfeier
Sonndig, 25. Juni

Lellgen ? 

 Wéi kommen ech op Lellgen?

Gidd méi gewuer iwwer dat klengt, iwwer d'Grenze vun eisem Land eraus bekannten Ardennerduerf.

 
      Gemeng Kiischpelt