See PRO edition

Wat ?

Et hutt ëmmer méi den Uschäin, wéi wann d’Géigestänn déi eis duerch den Alldag begleede vergänglech konzipéiert wären, aus vereelzte Materialie bestoe géifen.

De Sënn an Zweck vun dësem Konstatelier mam Numm « D’heemlecht Liewe vun de Saachen » ass et, de Participanten ee vollkommen neie Bléck op d’Géigestänn z’erëffnen an esou hir Virstellungskraaft unzereegen. Doriwwer eraus gi si op hautdesdaags besonnesch aktuell an oft diskutéiert Theme wéi Recycling an nohalteg Entwécklung   opmierksam gemaach. Beim Zerleeë vun de Saachen ergëtt sech net seelen eng komplett nei Perspektiv, ee virausser verstoppten Opbau gëtt sech däitlech z’erkennen.

Am weidere Sënn ass et d’Zil, de Géigestänn zu engem neie Wiesen ze verhëllefen. Et geet drëms dat heemlecht Liewe vun de Saachen z’entfesselen an esou, spilleresch, een originellt Wierk ze schafen, der eegener Virstellungskraaft entsprangend.

Wou a wéini ?

Den 23. Juni 2017 vun 10.30 bis 17.00 Auer um Open Air Konstfestival zu Lellgen.

Wat gëtt alles gebueden ?

Ee Konstatelier zum Thema Skulptur fir Kanner, vun 8 bis 12 Joer, ënnert der Leedung vum Florence Hoffmann, senges Zeechens konstschafend Sculptrice.

Den Atelier gëtt haaptsächlech op Lëtzebuergesch gehale. An dësem kënstleresche Kader bitt sech de Kanner d’Geleeënheet, mat professioneller Ënnerstëtzung während dem komplette Kreatiounsprozess, aus zeréckgewonne Materialien ee Konstwierk ze schafen.

Déi am Verlaf vum Konstatelier entstane Skulpture ginn an de Concours « Art Academy » opgeholl an d’Visiteure vum Konstfestival den 23. Juni bestëmmen dann déi schéinst Wierker dorënner. Déi éischt, zweet an drëtt Plaz bei dëser Ofstëmmung gi mat engem Präis ausgezeechent.

D’Präisiwwerreechung fënnt de Sonndeg, 25. Juni 2017, um 16.00 Auer zu Lellgen an der Hencksescheier statt. Zu dëser Geleeënheet kënnen dann och alleguer d’Participante vum Atelier déi entstane Wierker ofhuelen.

Präis ?

80 € fir d’Animatioun an d’Betreiung vun 10.30 bis 17.00 Auer, do si Material esou wéi ee Mëttegiessen a Gedrénks abegraff. D’Bezuelung ass fälleg esoubal ewéi d’Umeldung ofgeschloss ass.

Wéi geet d’Umeldung ?

D’Aschreiwung ass hei um Site bis spéitstens den 13. Juni 2017 méiglech. Weider méi detailléiert Informatioune loosse mir Iech no der Aschreiwung zoukommen. Aus organisatoresche Grënn géife mir Iech bieden är Kanner nëmmen dann unzemellen, wa si um kompletten Konstatelier vun 10.30 bis 17.00 kënnen deelhuelen.

Agenda 2017

Vernissage
Freidig, 16. Juni

Expos
Sonndig, 18. Juni

Open Air Konstfestival
Freidig, 23. Juni

Oofschlossfeier
Sonndig, 25. Juni

Lellgen ? 

 Wéi kommen ech op Lellgen?

Gidd méi gewuer iwwer dat klengt, iwwer d'Grenze vun eisem Land eraus bekannten Ardennerduerf.

 
      Gemeng Kiischpelt