See PRO edition

Deene Kënstler an Artisten déi net um Live-Concours deelhuele gëtt hei d’Méiglichkeet gebueden hier Wierker ze presentéieren an ze verkafen. De Maart ass ob déi dofir virgesinne Plazen ausserhalb dem Zentrum vum Duerf begrenzt an d’Verkaafsstänn kënnen och nëmmen op dëse Plazen opgeriicht ginn.

Et handelt sech ëm een ausschliesslich de Konstschaaffende reservéierte Maart an net ëm ee Floumaart. Eng genau Opzielung vu Wueren déi net fir de Maart zougelooss se fannt dir am Reglement.

D'Umeldung fir de Konstmaart ass am Viraus just online méiglich. Dir hutt awer zudeem d'Méiglechkeet Eech den 23. Juni bis 11.00 Auer op der Plaz unzemellen.

Am Kader vum Konstmaart ass am viraus ee Standgeld vun 100€ ze bezuelen. D'Umeldung fir de Konstmaart ass erréicht definitiv no Iwwerweisung vun de Standkäschten op ee vun de Konten vum Organisateur.

Bankkonten

 LU85 0019 1155 3587 5000 BCEELULL
 LU58 0030 0273 4626 0000 BGLLLULL

 

 

Agenda 2017

Vernissage
Freidig, 16. Juni

Expos
Sonndig, 18. Juni

Open Air Konstfestival
Freidig, 23. Juni

Oofschlossfeier
Sonndig, 25. Juni

Lellgen ? 

 Wéi kommen ech op Lellgen?

Gidd méi gewuer iwwer dat klengt, iwwer d'Grenze vun eisem Land eraus bekannten Ardennerduerf.

 
      Gemeng Kiischpelt