See PRO edition

Wat ?

De Specksteen, dem seng éischt Spuren méi wéi dausend Joer zréck ginn, kënnt aus de Kaapaturen vu Brasilien, Indien, China, Kanada an Australien. Well de Specksteen mëll, natierlech an einfach domat ze schaffen ass, huet en Kënschtler aus aller Welt ugezunn. Dëse Steen erméiglecht d´Ëmsetzen vun allen kreativen Iddien ouni iergendwellech Grenzen.

De Specksteen ass e Geschenk vun der Natur. Esou ass et schwéier seng Faarwen, seng Mass a seng Formen ze beaflossen. Mysteriéis Venen, déi interagéieren, duerchbueren all Block. Eréischt wann de Stee poléiert gëtt, kënnt seng Konstruktioun wierklech zum  Virschäin.

An dësem Konstatelier mam Titel " Skulpturen aus Specksteen" geet et drëms sich un d´Schaffen mam Steen erunzetaaschten, einfach Formen ze kreéieren an ze léieren wéi een d´Aarbechtsinstrumenter am Zesummenhang mam Stee benotzt (Féilen, Pinselen, ...). Am weidere Sënn bidd den Konstatelier eng spaasseg Atmosphär an der de Virwëtz an d’Virstellungskraaft vun de Kanner soll ugereegt ginn. Durch siichtbar Resultater soll engt gewësst Selbstvertrauen vermëttelt ginn esou wéi d´Loscht fir méi wéit ze goen.

Wou a wéini ?

Den 23. Juni 2018 vun 10.30 bis 17.00 Auer um Open Air Konstfestival zu Lellgen.

Wat gëtt alles gebueden ?

Ee Konstatelier zum Thema Skulpturen, fir Kanner vun 8 bis 12 Joer, ënnert der Leedung vum Florence Hoffmann, konstschafend Sculptrice. De Konstatelier gëtt haaptsächlech op Lëtzebuergesch gehalen.

An dësem kënstleresche Kader bitt sech de Kanner d’Geleeënheet, mat professioneller Ënnerstëtzung während dem komplette Kreatiounsprozess an der Aféierung vun den Aarbechtsinstrumenter, aus dem Specksteen ee Konstwierk ze schafen.

Déi am Verlaf vum Workshop entstane Skulpture ginn an de Concours « Art Academy » opgeholl an d’Visiteure vum Konstfestival den 23. Juni bestëmmen dann déi schéinst Wierker dorënner. Déi éischt, zweet an drëtt Plaz bei dëser Ofstëmmung gi mat engem Präis ausgezeechent.

D’Präisiwwerreechung fënnt de Sonndeg, 01. Juli 2018, um 16.00 Auer zu Lellgen an der Hencksescheier statt. Zu dëser Geleeënheet kënnen dann och alleguer d’Participante vum Workshop déi entstane Wierker ofhuelen.

Präis ?

80 € fir d’Animatioun an d’Betreiung vun 10.30 bis 17.00 Auer, do si Material esou wéi ee Mëttegiessen a Gedrénks abegraff. D’Bezuelung ass fälleg esoubal ewéi d’Umeldung ofgeschloss ass.

Wéi geet d’Umeldung ?

D’Aschreiwung ass hei um Site bis spéitstens den 3. Juni 2018 méiglech. Weider méi detailléiert Informatioune loosse mir Iech no der Aschreiwung zoukommen. Aus organisatoresche Grënn géife mir Iech bieden är Kanner nëmmen dann unzemellen, wa si um komplette Workshop vun 10.30 bis 17.00 kënnen deelhuelen.

Agenda 2019

Vernissage
Freidig, 14. Juni

Expos
Sonndig, 16. Juni

Open Air Konstfestival
Sonndig, 23. Juni

Oofschloss
Samsdig, 29. Juni

 
      Gemeng Kiischpelt 

Lellgen ? 

 Wéi kommen ech op Lellgen?

Gidd méi gewuer iwwer dat klengt, iwwer d'Grenze vun eisem Land eraus bekannten Ardennerduerf.