Duerch d'Notzung vun dëser Websäit erkläert dir Eech averstanen, datt mir Cookien notzen. Dës hëllefen eis Är Benotzer-Experienz ze verbesseren. Méi dozou

See PRO edition

 

COVID-19 // Ofso Open air Konstfestival 2020

Léif Frënn vun der Konst, vum Kiischpelt a vum Open air Konstfestival,

Mir hoffen et geet Eech alleguerte gutt - et gëtt an der aktueller Situatioun näischt méi Wichtiges ewéi d’Gesondheet. Leider muss den 30. Anniversaire vum Open air Konstfestival dofir och waarden.
An Ubetruecht vun der aktueller Entwécklung vun der COVID-19-Pandemie, an der Decisioun vun der Lëtzebuerger Regierung, all Manifestatioune bis den 31. Juli ze ënnersoen, gesäit den Organisatiounscomité sech verflicht d’Editioun 2020 ofzesoen.

Mir soen Eech Merci fir Äert Versteesdemech, an an der Hoffnung Eech nächst Joer um 30. Open air Konstfestival zu Lellgen begréissen ze däerfen.
Bei Froe sti mir Eech jidderzäit gären zur Dispositioun. Weider Informatiounen zum Virus an der aktueller Situatioun fannt Dir op der Websäit vun der Regierung - www.coronavirus.gouvernement.lu

Fir een Dag verwandelt dat klengt Ardennerdierfche Lellgen sech erëm an eng lieweg a faarwefrou Galerie ënner fräiem Himmel. Anzwëschen iwwer d’Grenze vun eisem Land eraus bekannt, zitt de Festival all Joer ronn 5.000 Visiteuren un.

Ee prall gefëllte Programm, mat 100 Kënstler déi op der Plaz schaffen, Strossekënstler, Strossentheater, Walkacts an interaktiven Ateliere fir déi Kleng mécht de Konstfestival zu engem Erliefnis fir Jonk an Al.

De Live-Concours ass dotéiert mat attraktive Präisgelder, der Auszeechnung "Kiischpelter Lorblumm", souwéi dem Prix de la commune Kiischpelt.

De Kënstler gëtt d’Méglichkeet gebueden, hir Kreativitéit zur Geltung ze bréngen, hiert Kënnen op der Plaz ze demonstréieren, hier Wierker ze presentéieren an ze verkafen, souwéi Gläichgesënnten ze begéinen a mat engem konstinteresséierte Publikum a Kontakt ze trieden.

De Jury bei dësem Concours ass de Publikum. All Visiteur vum Festival kann unhand vun enger Tiercéskaart seng dräi Favoritten auswielen. Zougelossen Techniken sënn Bleistëft, Aquarell, Acryl, Ueleg a Pastell, souwéi Skulpturen aus Metall, Holz a Steen.

Nëmmen dat Wierk wou op mannst 4 Stonnen op der Plaz dru geschafft gëtt, ass fir de Concours zoulässeg.

D'Umeldung fir de Live-Concours ass am Viraus just online méiglich. Dir hutt awer zudeem d'Méiglechkeet Eech den 23. Juni bis 11.00 Auer op der Plaz unzemellen. D'Participatioun um Live-Concours ass gratis.

Präisser

  1. Publikumspräis 1.500 € 
  2. Publikumspräis 400 € 
  3. Publikumspräis 300 € 
  Prix de la commune 1250 € 

 Open air

Konstfestival 2020

cancelled !

 
      Gemeng Kiischpelt 

Lellgen ? 

 Wéi kommen ech op Lellgen?

Gidd méi gewuer iwwer dat klengt, iwwer d'Grenze vun eisem Land eraus bekannten Ardennerduerf.