Land: Däitschland
Spektakel: Déi gréisst Marionette vun der Welt
Gino, den dräi Meter groussen “Erfinder” a Poppespiller op Stelzen, presentéiert seng neiste Kreatioun – déi liewensgrouss Marionette Jocino.
Mat Musik, Artistik a Komik dreiwen di zwee Multitalenter hiert faszinant Spill mat der Tück vum Objekt mat den Spectateuren. Originell Ideeën, präzisen Timing a gekonnt Zesummespill suergen ëmmer erëm fir besonnisch, onvergeesslich Momenter.