Fir Besicher

Ee faarwefroue Programm.

Kommt mat der ganzer Famill op eng Entdeckungsrees duerch Lellgen.

Alt Text

STREET ART

Kënstlerich Performancen, Akrobaten, Stroossentheater, Zirkuskonst, Musiksgruppen, mat enger Virléift fir Bloskapellen an éischter atypisch Kënstler, souwéi interaktiv Installatioune begleeden de Besicher op sengem  Parcours duerch Lellgen.
Méi doriwwer
Alt Text

EXPOS

Eng Rei Ausstellungen am ganzen Duerf waarden drop vum Besicher entdeckt ze ginn a lueden op eng Rees an d’Welt vun de Faarwen, Skulpturen a Fotografien an. National an international Artisten presentéiere sech um Konstfestival oft eng éischter Kéier dem Public.
Méi doriwwer

LIVE-CONCOURS

De Jury bei dësem Concours ass de Publikum. All Visiteur vum Festival kann unhand vun enger Tiercéskaart seng dräi Favoritten auswielen. Zougelossen Technike sënn Bläistëft, Aquarell, Acryl, Ueleg a Pastell, souwéi Skulpturen aus Metall, Holz a Steen.

Méi doriwwer
Live-Concours

KIDS ACADEMY

Ateliere wou déi Klengst spontan kënne matmaachen. Et gëtt keng Viraussetzungen an déi jonk Konstbegeeschtert wäerten och méi wéi nëmmen eemoleg Andréck mat heem huelen.
Méi doriwwer
Alt Text

LAUREATEN

Um Konstfestival gëtt de Publikumspräis vum Live-Concours an de Prix de la Commune verginn. D’Besicher vum Festival wielen hire Favorit beim Live-Concours unhand vun enger Tiercéskaart. De Prix de la Commune gëtt vum Gemengerot vun der Gemeng Kiischpelt bestëmmt. Hei fannt Dir d’Gewënner vun de leschten Editiounen.

Méi doriwwer

Open air Konstfestival asbl
5, op der Gare
L-9776 Wëlwerwolz
info@konstfestival.lu

IWWER EIS
MATMAACHEN
FOLLOW US

Open air Konstfestival asbl
5, op der Gare
L-9776 Wëlwerwolz
info@konstfestival.lu

IWWER EIS

© Open air Konstfestival asbl | designed by Memory

Sprache auswählen