Wëllt Dir Är Konstwierker am Kader vum Open air Konstfestival presentéieren? Mir bidden de Kënstlerinnen a Kënstler déi eemoleg Geleeënheet hir Wierker wärend eisem Festival engem breeden, konstinteresséierte Publikum ze presentéieren.
Den Open air Konstfestival steet fir Diversitéit an Innovatioun - egal ob Dir am Beräich Molerei, Skulptur oder Fotografie schafft, mir freeën eis op spannend Iddien an eenzegaarteg Perspektiven!
Och fir nei Talenter
Dir hutt nach ni un enger Ausstellung deelgeholl? Kee Problem! Mir gleewe fest, datt nei Talenter grad esou wichteg si wéi erfuerene Kënschtler. De Konstfestival ass déi perfekt Plaz fir déi éischt Schrëtt an d'Konschtzeen ze maachen, a seng Wierker dem Public virzestellen. Profitéiert vun dëser Geleeënheet fir Är Konst siichtbar ze maachen a wäertvoll Erfarung ze sammelen.
Wat mir Iech bidden
Wat mir erwaarden
Frais d'accrochage
De Kënschtlerbäitrag besteet aus fixe Verwaltungskäschte vu 100 €. Doriwwer eraus ass de Kënschtler fräi ze entscheede wéi vill hie bereet ass nach bäi ze leeën. Esou ka jidderee matmaachen – onofhängeg vu senge Méiglechkeeten – a gläichzäiteg gëtt d’Organisatioun vum Festival ënnerstëtzt.
Interesséiert?
Wann Dir interesséiert sidd, freeë mir eis op Är Demande!
Schéckt eis bis den 31. Januar eng E-Mail op info@konstfestival.lu mat follgenden Dokumenter:
Mir freeën eis vun Iech ze héieren.
Open air Konstfestival asbl
5, op der Gare
L-9776 Wëlwerwolz
info@konstfestival.lu
Open air Konstfestival asbl
5, op der Gare
L-9776 Wëlwerwolz
info@konstfestival.lu