Konstmaart

Kënstler verkafen hir Wierker an der Strooss.

Deene Kënstler déi net um Live-Concours deelhuele gëtt hei d’Méiglichkeet gebueden hier Wierker ze presentéieren an ze verkafen. De Maart ass op déi dofir virgesinne Plazen ausserhalb dem Zentrum vum Duerf begrenzt an d’Verkafsstänn kënnen och nëmmen op dëse Plazen opgeriicht ginn.

Et handelt sech ëm een ausschliisslich de Konstschafende reservéierte Maart an net ëm ee Floumaart. Eng genau Opzielung vu Wueren déi net fir de Maart zougelooss se fannt dir am Reglement.

D'Umeldung fir de Konstmaart ass online, souwéi den 23. Juni bis 11.00 Auer op der Plaz méiglich.

Am Kader vum Konstmaart ass ee Standgeld vun 100€ ze bezuelen. D'Bezuelung kënnt Dir per Paypal, Visa oder Iwwerweisung maachen. D'Umeldung fir de Konstmaart ass eréischt definitiv no Begläiche vun de Standkäschten.

Open air Konstfestival asbl
5, op der Gare
L-9776 Wëlwerwolz
info@konstfestival.lu

IWWER EIS
MATMAACHEN
FOLLOW US

© Open Air Konstfestival asbl | designed by Memory