FAQ

Praktesch Informatiounen.

Agenda 2024

D'Editioun 2024 vum Open air Konstfestival fënnt statt op Nationalfeierdag, den 23. Juni 2024 vun 11.00 bis 19.00 Auer. Donieft sënn d'Expoen och Sonndes de 16. Juni fir de Public op.

Location

Den Open Air Konstfestival fënnt zu Lellgen am Kiischpelt statt. Intressantes a Spannendes iwwer Lellgen fannt Dir um Site vum Syndicat d'Initiative Kiischpelt.

Ëffentlichen Transport

Lellgen ass optimal mam ëffentlichen Transport ze erreechen. All Stonn gëtt et eng Verbindung Lëtzebuerg – Wëlwerwolz a Wëlwerwolz – Ëlwen. Vun der Gare aus fiert ee gratis Shuttlebus vu Wëlwerwolz op Lellgen (1km). Horairen op www.cfl.lu

Parking

Ronderëm d'Uertschaft sënn Parkingen ugeluecht. Lellgen ass vun do zu Fouss oder mat enger Navette ze erreechen (+-500m).

Catering

Op deene verschiddene Sitten am Duerf krëtt Dir ganz diversifiéiert Platen ugebueden. Heibäi probéiere mir sou vill wéi méiglich an der Regioun anzekafen. Näischt hënnert Eech awer drun Eech Äre Picknick matzebréngen.

Offall

Gedrénks gëtt um Site just am Glas, Iesse just a recyclabeler Verpackung zerwéiert. Verpackungen déi beim Op-an Ofriichten entstinn gi recycléiert. Deemno hu mer eisen Offall op een absolutte Minimum reduzéiert.

Entrée

Den Entréespräis ass 8 € pro Persoun. Kanner a Jugendlicher bis 16 Joer së fräi. Tickete ginn et am Virverkaf hei um Site oder an der Keess op der Plaz.

Kontakt

Open Air Konstfestival asbl
5, op der Gare
L-9776 Wëlwerwolz
E-mail: info@konstfestival.lu

Open air Konstfestival asbl
5, op der Gare
L-9776 Wëlwerwolz
info@konstfestival.lu

IWWER EIS
MATMAACHEN
FOLLOW US

© Open Air Konstfestival asbl | designed by Memory