Kids Academy

Interaktiv Workshops fir Kanner.

De Park Sënnesräich, de Matmaach-Musée fir d’Sënner an d’Wëssenschafte vu Lëllgen, léiert déi Kleng op sënnlech an erfuerschend Manéier d’Konst wouer ze huelen.

Vill Méiglechkeete bidde sech de Kanner bei der Hierstellung vu Slime: Wéi soll en richen, sech ufillen, wéi eng Faarf soll en hunn, ...? Dank de mat Window Colour bemoolten Amaachglieser, hunn d'Kanner méi laang eppes vun hirem personaliséierte Slime.

Andeems d'Kanner den Dillendapp, eng vun den eelste Spillsaachen déi et gëtt, a Beweegung bréngen, léieren si datt d‘Aen eist ‘Gehier heiansdo austricksen. No der Observatioun vun Dréi-Scheiwe mat opteschen Täuschungen, kënnen d‘Kanner hir Liblingseffekter op Dillendäpp molen.

Bei der Duerchféierung vun e puer Experimenter an der Manipulatioun vun den Exponate ronderëm d’Theema d‘Seefeblosen gëtt eng Foto gemaach. Déi passend Kartrongsrumm fir d‘Foto peppen (friséieren) d‘Kanner mat enger bestëmmter Blostechnik op.

Dank der Zentrifugal-Kraaft, déi sech d’Spin-Art Maschinn zu Notze mëscht, ginn d’Faarfdrëpsen, déi d’Kanner op  Rucksäck aus Léngent eroflafe loossen, no bausse geschleidert. Duerch d’Kombinatioun vu verschiddene Faarwen entstinn abstrakt Musteren. Déi kleng Designer verloossen den Open Air Konstfestival mat engem moudeschen Unikat!

Mat de beandrockende Konschtwierker an hire Gesiichter kënnen d’Kanner als Street Art Kënschtler um Open Air Konstfestival duerchgoen.

Open air Konstfestival asbl
5, op der Gare
L-9776 Wëlwerwolz
info@konstfestival.lu

IWWER EIS
MATMAACHEN
FOLLOW US

© Open Air Konstfestival asbl | designed by Memory