
De Programm vun den 𝗔𝘂𝘀𝘀𝘁𝗲𝗹𝗹𝘂𝗻𝗴𝗲𝗻 fir d’Editioun 2026 vum Open air Konstfestival ass elo op eiser Websäit disponibel. 🎨✨
Mir freeën eis schonn elo drop, d’Kënschtler geschwënn zu Lellgen ze begréissen an zesumme mat Iech eng flott nei Editioun ze erliewen. 😊

Eis Websäit elo och op Englesch
Konscht kennt keng Sprooch – mee mir wëlle se fir jiddereen accessibel maachen. Dofir ass eis Websäit elo och op Englesch disponibel.

Mir presentéieren d’Affiche vum Konstfestival 2026! D’Jury huet dëst Joer Aurélie Schu als Gewënnerin vum Concours fir d'Affiche ausgewielt. 👏🏆
E risege Merci un all Kënschtlerinnen a Kënschtler fir hir Participatioun an hiren Asaz 🎨❤️

Äert Wierk op der Aғғɪᴄʜᴇ ᴠᴜᴍ Oᴘᴇɴ ᴀɪʀ Kᴏɴsᴛғᴇsᴛɪᴠᴀʟ 2026...Klengt dat cool oder wat? Schéckt eis är Propose eran a maacht mat um Concours. Mir si gespaant op är Propositiounen.

Gratulatioun un d'Gewënner vum Live-Concours 2025. De Jules Spedener, d'Laura Parisse an de Rol Reding gewannen an der Kategorie wäiss Toile. Bei de preparéierte Wierker waren et d'Sarah Dos Santos, d'Sara Nekal an d'Stephanie Fischbach déi iwwerzeege konnten. De Prix de de la Commune war fir d'Rill Sylvie.

Ee partizipative Konstprojet um Konstfestival
Eppes Cooles entsteet... an DU kanns matmaachen! ![]()
23 juin 2025 – Lellingen

De Programm vun den 𝗔𝘂𝘀𝘀𝘁𝗲𝗹𝗹𝘂𝗻𝗴𝗲𝗻, déi am Kader vun der Editioun 2025 vum Open air Konstfestival organiséiert ginn, fannt Dir elo op eiser Websäit. ![]()
Mir freeën eis drop d'Kënstler ganz geschwënn zu Lellgen ze empfänken. ![]()

Den Open air Konstfestival ass och 2025 ee Cultur'All Event. De Kulturpass erlaabt de Leit mat nidderegem Akommes d'Participatioun um kulturelle Liewen zu Lëtzebuerg.

Tauch an d'Welt vum Comic! An eisem Atelier léiers du wéi s du deng eege Geschichten a Form vu Biller erziels. Ënnert der professioneller Leedung entdecks du wéi Personnagen entwéckelt ginn, Emotiounen duergestallt a spannend Handlunge kreéiert ginn.

Du bass tëscht 10 a 16 Joer jonk an hues Loscht däin eegene Graffiti ze sprayen? De Kënstler Daniel Mac Lloyd wéist dir wéi's du dech heibäi uleeës! ![]()

Mir presentéieren 𝗱'𝗔𝗳𝗳𝗶𝗰𝗵𝗲 𝘃𝘂𝗻 𝗱𝗲𝗿 𝗘𝗱𝗶𝘁𝗶𝗼𝘂𝗻 𝟮𝟬𝟮𝟱. D'Wiel vun der Jury ass dëst Joer op ee Wierk vum Claudine Marie Maillet gefall. Ee grousse Merci un all Kënstler déi um Concours deelgeholl hunn.

𝗘𝗻𝗴 𝗘𝘅𝗽𝗼 𝗮𝗺 𝗞𝗮𝗱𝗲𝗿 𝘃𝘂𝗺 𝗞𝗼𝗻𝘀𝘁𝗳𝗲𝘀𝘁𝗶𝘃𝗮𝗹.
Wëllt Dir Är Konstwierker am Kader vum Open air Konstfestival presentéieren❓ Dir hutt awer nach ni un enger Ausstellung deelgeholl❓ Kee Problem! Mir gleewe fest, datt nei Talenter grad esou wichteg si wéi erfuerene Kënschtler. 👩🎨De Konstfestival ass déi perfekt Plaz fir déi éischt Schrëtt an d'Konschtzeen ze maachen, a seng Wierker dem Public virzestellen.

Äert Wierk op der Affiche vum Open air Konstfestival 2025...Klengt dat cool oder wat❓❓ Schéckt eis är Propose eran a maacht mat um Concours. Mir si gespaant op är Propositiounen. 👀
➡️ info@konstfestival.lu
➡️ Deadline 15/11/2024
➡️ Max 3 Wierker

🎨𝐒𝐜𝐡𝐨𝐮𝐥𝐤𝐚𝐮𝐳 goes 𝐊𝐨𝐧𝐬𝐭𝐟𝐞𝐬𝐭𝐢𝐯𝐚𝐥🦉
Eng Première op der 32ter Editioun vum Open air Konstfestival: Dir kënnt Eech freeën op 226 Konstwierker, erstallt vu fläissege Kanner aus der Kiischpelter Primärschoul a presentéiert an engem begehbare Labyrinth.
De Clou: D’Resultat vun hirer Aarbecht ass net just eppes fir Är d'Aen🤩: Si vermëttelen Eech och nach eppes iwwer Kiischpelter Sehenswürdegkeeten. 🥸

Den Open air Konstfestival ass och dëst Joer ee Cultur'All Event. De Kulturpass erlaabt de Leit mat nidderegem Akommes d'Participatioun um kulturelle Liewen zu Lëtzebuerg.

De Programm vun den 𝗔𝘂𝘀𝘀𝘁𝗲𝗹𝗹𝘂𝗻𝗴𝗲𝗻, déi am Kader vun der Editioun 2024 vum Open air Konstfestival organiséiert ginn, fannt Dir elo op eiser Websäit. 👩🎨👨🎨 Mir freeën eis drop d'Kënstler geschwënn zu Lellgen ze begréissen. 🤩

De Virverkaf ass lancéiert. Séchert Eech bis den 21. Juni Är Virverkafstickete fir den Open air Konstfestival, a profitéiert vun engem fexe Passage an der Entrée. 😎

Huet Dir Loscht äert Talent ze weisen? 🎸
Dann ass eise Festival den 23. Juni zu Lellgen är Chance!
Mir sichen Newcomer-Bands, déi viru ronn 5000 Visiteure spille wëllen. Weist äert Kënnen an inspiréiert d’Publikum mat ärer Musek! 🌟
🎤 𝗪𝗮𝘁 𝗜𝗲𝗰𝗵 𝗲𝗿𝘄𝗮𝗮𝗿𝘁:
🔸 Eng beandrockend Atmosphär
🔸 Publikum mat ronn 5000 Visiteure
🔸 E klengt Budget fir är Performance
Interesséiert, da schéckt eis är Kandidatur !
➡️ info@konstfestival.lu
➡️ Mat e puer Fotoen an enger klenger Demo
➡️ Deadline 23/05/2024

𝗗’𝗔𝗿𝘁 𝗔𝗰𝗮𝗱𝗲𝗺𝘆 𝗮𝘀𝘀 𝘇𝗲𝗿𝗲𝗰𝗸! 🎨🖌️
2 (semi-)professionell encadréiert Konstatelieren, déi an engem interaktiven a conviviale Kader stattfannen, stinn de Konstinteresséierten tëschent 6 a 16 Joer zur Auswiel:
▶️ Molerei Atelier geleet vum Sarah Schickes
▶️ Graffiti Atelier geleet vum Daniel Mac Lloyd
Falls Dir Iech déi Geleeënheet net entgoe wëllt loossen, da mellt Iech esou séier wéi méiglech online u well d’Plazen si begrenzt❗
Open air Konstfestival asbl
5, op der Gare
L-9776 Wëlwerwolz
info@konstfestival.lu
Open air Konstfestival asbl
5, op der Gare
L-9776 Wëlwerwolz
info@konstfestival.lu