See PRO edition

Zil vun dësem Concours ass d’Realisatioun vun engem Visuell fir d’Promotioun vum open air KONSTfestival 2023, dee vum 16. bis de 25. Juni 2023 statt fënnt. D’Kommunikatioun vum Event leeft haaptsächlech iwwer Affichen, Flyeren a Programmer, souwéi via d'sozial Medien an eise Website.

De Gewënner vun dësem Concours kritt ausserdeem d’Méiglichkeet seng Wierker an enger Expo am Kader vum nächste Festival auszestellen.

De Concours ass op fir Jiddereen. Är Propositioun muss Dir virum 15. Dezember 2022 per Mail info@konstfestival.lu era schécken. All Participant ka maximal 3 Wierker presentéieren.

E puer kleng Uweisungen :

  • Déi proposéiert Biller oder Grafike musse perséinlech Kreatioune sënn, ouni Notzung vu scho bestoende Wierker. Zudeem mussen d’Wierker fräi vu Nëtzungsrechter sënn.
  • D’Membere vum Organisatiounscomité vun der Association Open Air Konstfestival asbl wielen de Gewënner an der éischter Reunioun no der Clôture vum Concours.
  • Déi presentéiert Wierker sollen optimalerweis am Format Portrait ugeluecht sënn.
  • D’Participatioun vum Concours ass gratis.

Mir freeën eis op är Proposen. Bonne Chance u jiddereen.

Affiche de l

Affiche vun der Editioun 2022

Affiche vun de leschten Editiounen

Agenda 2023

Vernissage
Freideg, 16. Juni

Expos
Sonndig, 18. Juni

Open Air Konstfestival
Freideg, 23. Juni

Oofschloss & Expos
Sonndig, 25. Juni

Partner

 
     
      Gemeng Kiischpelt 

 

Lellgen ? 

 Wéi kommen ech op Lellgen?

Gidd méi gewuer iwwer dat klengt, iwwer d'Grenze vun eisem Land eraus bekannten Ardennerduerf.