Live-Concours

De Publikum an der Roll vum Jury.

Fir een Dag verwandelt dat klengt Ardennerdierfche Lellgen sech erëm an eng lieweg a faarwefrou Galerie ënner fräiem Himmel. Antëscht iwwer d’Grenze vun eisem Land eraus bekannt, zitt de Festival all Joer ronn 5.000 Visiteuren un.

Ee prall gefëllte Programm, mat 100 Kënstler déi op der Plaz schaffen, Strossekënstler, Strossentheater, Walkacts an interaktiven Ateliere fir déi Kleng mécht de Konstfestival zu engem Erliefnis fir Jonk an Al.

De Kënstler gëtt d’Méglichkeet gebueden, hir Kreativitéit zur Geltung ze bréngen, hiert Kënnen op der Plaz ze demonstréieren, hier Wierker ze presentéieren an ze verkafen, souwéi Gläichgesënnten ze begéinen a mat engem konstinteresséierte Publikum a Kontakt ze trieden.

De Jury bei dësem Concours ass de Publikum. All Visiteur vum Festival kann unhand vun enger Tiercéskaart seng dräi Favoritten auswielen. Zougelossen Technike sënn Bläistëft, Aquarell, Acryl, Ueleg a Pastell, souwéi Skulpturen aus Metall, Holz a Steen.

De Live-Concours ass dotéiert mat attraktive Präisgelder an der Auszeechnung "Kiischpelter Lorblumm". Donieft vergëtt d'Gemeng Kiischpelt all Joer de Prix de la Commune. De Gewënner vun dësem Präis gëtt vum Gemengerot vun der Gemeng Kiischpelt bestëmmt.

Publikumspräis

  • 1. Plaz - 1.500 €
  • 2. Plaz - 400 €
  • 3. Plaz - 300 €

Prix de la Commune

  • 1. Plaz - 1.250 €

Nëmmen dat Wierk wou op mannst 4 Stonnen op der Plaz dru geschafft gëtt, ass fir de Concours zoulässeg. D'Umeldung fir de Live-Concours ass am Viraus just online méiglich. Dir hutt awer zudeem d'Méiglechkeet Eech den 23. Juni bis 11.00 Auer op der Plaz unzemellen. D'Participatioun um Live-Concours ass gratis.

De Kënstler déi um Live-Concours deelhuelen ass et erlaabt anner eege Wierker auszestellen an ze verkafen. Heifir muss keng extra Umeldung fir de Konstmaart gemaach ginn.

FAQ

D'Participatioun um Live-Concours ass gratis.

Open air Konstfestival asbl
5, op der Gare
L-9776 Wëlwerwolz
info@konstfestival.lu

IWWER EIS
MATMAACHEN
FOLLOW US

© Open Air Konstfestival asbl | designed by Memory